Esou kann een sech och virstellen: 1078 Kilo Asaz, Kompetenz an Eierlechkeet

Bei herrlechem Spéitsummerwieder haten d'Kandidaten vun der DP-Lëscht
4 den Awunner aus der Lënster Gemeng den traditionnellen Rendez-vous
um Joresmaart gin.

Niewt den Gadgeten wéi Plooschteren an Bic'en konnten d'Kandidaten mat enger Knippchen mat hirer Foto drop mat de Leit an d'Gespréich kommen. De Clou dëst Joer waar awer di blo Glace, déi de Gibbes preparéiert haat a bei ronn 25 Grad fir eng gudd Erfrëschung bei de Leit gesuergt huet.

300 Leit hu beim Quiz matgemaach fir ze rooden, wivill di 13 Kandidaten zesummen
giwwen weien. Fir Furri waar gesuergt, wéi d'Kandidaten um Punkt halwer 6 eenzel op d'Woo geklommen sin. Si hun zesummen 1078 Kilo gewien, eng vun de flotten Corbeillen geet un di jonk bestueten Koppel Chantal a Patrick Versall - Steffen aus der Buerg.