No vir kucken ! - aus der Generalversammlung vun der DP

Vru kuerzem huet de Marc Schroeder, President vun der DP Jonglënster/Roudemer, op der Assemblée Générale vun der Sektioun, niewt de Comitésmemberen och eng Rei Sympatisanten a Frënn aus Nopeschsektiounen begréisst, ennert anerem d'Maggy Nagel als Bezirkspresidentin an Vize-Presidentin vun der Partei, den André Hartmann vun der Iechternacher Sektioun, den Ady Schanen vu Mertert an d'Paxi Picco fir d'JDL.
De President huet d'Joër 2012 Revue passéieren gelooss, wou niewt der Politik och méi geselleg Aktivitéiten waren, wéi de Paella Nometteg an de Lënster Maart.
No de Rapport'en vum GIlles Baum a Jules Muller fir d'Keess, huet de Fränz Ries vun den Arbechten an der Gemeng Bericht. Sai Bilan ass alles anescht wéi positiv ausgefall, ass et dach un der Zait dass Verspriechen, déi vun Sait vun CSV an LSAP vrun de Walen gemaaach gouwen, emzesetzen: Zenter vu Jonglënster, Betreit Wunnen, Neit Jugendhaus, Erweiderung vun der Industriezoon, neien PAG, alles Baustellen wou eis Gemeng ënnert der jetzeger Féierung op der Plaz trëppelt.
Kuerzfristeg soll d'JDL ( Jeunesse Démocrate et Libérale ) erem an d'Liewen geruff gin, sou d'Paxi Picco vu Maacher.
D'Maggy Nagel huet Abléck gin an eng Rei Dossier'en, déi d'Regierung verschleeft, huet awer den Akzent op d'Iddien vun der DP geluecht, fir eisem land weider ze hëllefen. Vun dëser zerstriddener Regiirung waer op alle Fall naischt méi ze erwaarden as si giff probéieren, sech bis an de Mee 2014 ze retten. Bei der DP ass allerdéngs eng staark Opbrochstëmmung ronderem de Xavier Bettel ze spiiren, an mat Asaz, Eierlechkeet an Zouversiicht giff DP di nächst Terminer ugoën.
An enger flotter Atmosphäre huet sech herno eng Diskussioun entwéckelt, wou d'Themen wéi "Maison Médicale" an Bauschuttdeponie thematiséiert gouwen.
De Comite setzt sech zesummen aus dem President Marc Schroeder, dem Secretaire Gilles Baum, dem Tresorier Jules Muller an de Memberen
Fränz Ries, Roland Weis, Gilbert Kapp, Christiane Degraux, Gaby Breser, Sven Hansen, Fränk Theisen, Schmit Gast, Wagner Laurence, Menei Karin, Durant Romain, Weiwers Fruns, Reuland Walther, Faber Maurice, Warnier Ginette, Wealer Robi, Trierweiler Charel, Hoffmann Marc, Sales Ender