Lënster: Wanterzäit beim SIJ


Et ass erëm esou wäit: Wéi all Jar organiséiert den dynamësche "Syndicat d'Initiative de la commune de Junglinster (SIJ)" ëm de President Raymond Tescher och erëm e Samsdeg, de 24. November an e Sonndeg, de 25. November 2012, seng grouss Ausstellung mat Verkaf vu Chrëschtkaddoen am Centre polyvalent Gaston Stein an der Laangwiss. Sonndes ass och e Mëttegiesse vun 12 bis 14 Auer virgesinn: Et gëtt Huesenziwwi ouni Schank fir 20 € , Paschtéit fir 12 € an Zalot fir 8 €. Umeldunge ginn ugeholl um Telefon 78 06 60 (Henri) an um Telefon 691 78 03 15 (Aly) an iwwer E-Mail infos@sijunglinster.lu bis den 19. November. Nom Iessen trieden d'Ron Stevens Gospel Singers op. Och ass samsdes a sonndes e Concours, wou dann déi Schoulklassen, déi déi schéinste Chrëschtbeemercher opgeriicht hunn, ausgezeechent ginn."Wanterzäit" huet samsdes seng Diren op vu 14 bis 18 Auer a sonndes vun 10 bis 18 Auer. Den Entrée fir dës flott Manifestatioun ass gratis. (dd)