Generalversammlung Koler Pompjeeën


E Freideg 21. Januar gouf am Pompjeessall ze Koler d’Generalversammlung 2011 vun de Koler Pompjeeën ofgehaalen. 20 Memberen woren der Invitatioun nokomm, an 4 haaten sech entschëllegen geloos. No der Usprooch vum Chef de Corps Giersch Claude mat enger Gedenkminute fir déi verstuerwen Memberën, wor et um Steve Jemming den Reckbleck op 2010 ze machen. 92 Aktivitéiten mat am Ganzen 1307 Arbechtsstonnen goufen geleescht. 17 Asätz goufen 2010 gefuer, woubäi glecklecherweis nemmen 2 Brandasätz dobäi woren. De Rescht woren technesch Asätz, also Botzen vun Uelegspuren, Autosaccidenter an Sturmschied.

E klenge Kado kruten d’Patrice Guth, de Jemming Pol (Laafcross) an den Yves Welter (Velos-WM) fir hir gut Resultater, déi si 2010 bei de verschiddenen Sportaktivitéiten fir Pompjeeën erzielt haaten. Dono huet de Logtenberg Fons de Iwerbleck iwer d’Memberën vun de Pompjeeën gemeet. 26 Leit, dovunner 3 Fraën sin Member, woubäi 22 Leit den aktiven Pompjeesdingscht ofsecherën. 21 Pompjeeën hun de Gronléiergang FGA, 7 den Otemschutzdiplom an schons 10 hun den ab 2015 ogligatoreschen BT1-Cour. Dest erméiglecht et dem Corps op gut forméiert Leit zereck ze greifen.

Trotzdeem huet de Fons den Appel gemeet, fir och weiderhin un den Übungen an de Formatiounen vum Corps, vum Kanton an vun der Fédératioun deel ze huelen. De Keessebericht gouf vum Giersch Christian firgedroën. 93€ Boni gouf 2010 gemeet. Grond fir dest klengt Resultat ass an der Haaptsaach bedengt duerch héich Investitiounen, déi mär d’lescht Joer fir Ëmännerungen eisem Bau gebraucht hun. Och gouf a Schaffgezei an Formatiounsmaterial investéiert. D’Keesserevisoren Dondlinger Robert an Kayl Marco hun dem Christian eng méi wéi exemplaresch Arbecht beschengegt, an d’Generalversammlung gefroot, dem Keessjee d’Entlaaschtung ze gin.

Uschléissend huet de Christian seng Démissioun als Keessjee bekannt gin, well hien sech an Zukunft méi a sengen zweeten Hobby, de Scouten, engagéierën well. Ersaat get hien als neie Keessjee duerch den Pol Jemming, deen zesummen mat sengem Brudder Bob (als neien Chef de Sektion) an de Comité opgeholl gouf. Als Vertrieder vun der Gemeng hun d’Scheffen Biwer Nico an Fohl Georges Merci gesoot, fir e ganz gut gefouerten Corps an fir déi vill geleeschten Arbecht.

Ausserdeem hun d’Gemengevertrieder de Projet vun engem neien Waasserbaseng fir d’Gemeng virgestallt an d’Schaaffung vun engem Taxereglement fir d’Pompjeesasätz ugekënnegt. Och wor et um Här Biwer den Giersch Christian fir 15 Joer Pompjeeën därfen auszezeechnen. Uschléissend huet de Massard Laurent als Vertrieder vum Nopeschzenter Stengefort e grousse Merci fir déi vill zesummen geleeschten Asätz an Übungen ausgeschwaat, an d’Wichtegkeet vun der géigensäiteger Hëllef ënnerstrach.

E grousse Merci vun eis as un Stengefort gaang, fir d’Ennerstetzung déi mär bei eisem Pompjeesfest kruten, waat dest Joer erëm den 26. Juni ofgehaalen get. D’Vertrieder vum Kantonalverband Capellen an vun Nopeschcorps vu Garnech, déi och invitéiert woren, haaten sech entschëllegt. Nom Schlusswuert vum Chef de Corps, gouf de Owend gemittlech mat engem Patt an enger Klenegkeet fir ze Iessen ausklengen geloos.