Zenter dem 11. Juli get et Jugendpompjeeën an der Gemeng Garnech

E Mettwoch 11. Juli wor ze Koler eng Informatiounsversammlung zum Thema Jugendpompjeeën. Ganz vill Leit haten sech afond, fir sech erkären ze loossen, waat de Sënn an de Zweck vu Jugendpompjeeën as, a wéi sech daat an der Gemeng Garnech virgestallt get. Als Vertrieder vum Kanton woren d'Hären Herrmann Alain an Krier Philippe mat derbäi.

Um Schluss vun der Versammlung hun sech direkt 7 Kanner fir d'Jugendpompjeeën ageschriwwen. Soumat huet och elo d'Gemeng Garnech als lescht Gemeng vum Kanton Capellen eng Jugendsektioun vun de Pompjeeën. Jugendleeder as de Giersch Christian, ennerstëtzt vun enger Equipe vu 5 Leit. D'Versammlungen vun der Jugend sin am 14-Deeg Ritmus ëmmer vun 18h bis 19h30 ze Koler am Pompjeesbau.

Éischt Versammlung vun der Jugend as den 21. September, wou sech selbstverständlech nach Kanner am Alter teschend 8 an 16 Joer aschreiwe kennen.