Indischen Themenowend zu Kaalber (Fotogalerie)

D’Amicale Kaalber haat de 17. Mäerz op een Indeschen Owend invitéiert. Den Invitéë stoung eng Rees duerch den Norden vun Indien befiir.

No engem erfrëschende Lassi, verschiddene Curry‘en mat Indesche Spezialitéite stoung eng 40 Minute live Fotoreportage um Programm. Den Bernard an d‘Marie-Paule Van Riel hunn eis Anbleck an d’Kultur, Gebraisch an d’Landschaft vun deem wonnerschéine Land geliwwert.

D’Rees goung duerch d’Gebitt Rajasthan. Op Kaméilen duerch d‘Wüste Thar, duerno goung et op Agra bei den Taj Mahal. Dann weider an den Uttaranchal um Fouss vum Himalya. Den Héichpunkt vun der Rees war en hellegt Fest, eng Ma Kumbh Mela, déi all 12 Joer ass, an wou Millioune Leit aus ganz Indien während 1 Mount hinpilgeren.