25 Joer engagéiert fir de gudden Zweck

De 17ten Mäerz 2023, huet d'Amicale Sportive Käl-Téiteng hir Generalversammlung an der Schungfabrik ofgehalen. Ënnert der Präsens vum Buergermeeschter, dem Schäffen- a Gemengerot, Membere vum Syndicat d'Initiative, Frënn a Bekannte goufen, zum Ulooss vu 25 Joer Amicale, jee 2.000 € un d'Association Luxembourg Alzheimer (ALA) an d'Association Luxembourgeoise de Lutte contre la Mucoviscidose (ALLM) gespent; souwéi deene lokalen Harmonien e Stéck fir hiren nächste Concert gestëft.

Mer soe jidderengem, deen eis iwwert déi ganz Joren ënnerstëtzt, gehollef a vertraut huet VILLMOOLS MERCI!