Frëndschaft-Fussball Turnéier matt Scheck-Iwwerreechung un "Trauerwee asbl"

De 25. November huet der Amicale Sportive hiren traditionelle Fussball Turnéier an der Käler Sportshal stattfonnt. 12 lokal Ekippe sinn deen Dag géinteneen ugetrueden. An enger flotter Final konnt sech d’ POST géint d’ Ekipp „ Nëmmen Blanner“ duerchsetzen.


Virun der Final huet d‘ Amicale Sportive, a Präsenz vu Vertrieder aus dem Schäffen- a Gemengerot, ewéi och Vertrieder vum SITCK, en Don an der Héicht vun 1.000 €, déi duerch de Charity-Dartsturnéier generéiert goufen, un „Trauerwee Asbl“ iwwerginn. Am Numm vun der Amicale Sportive soe mer jidderengem en décken MERCI!

More news by Bob Koullen >