Buchvirstellung
Et kënnt märr net dack vir, dass ech e Buch an engem Siess ausliesen, ma bei den „Erinnerungen aus schwerer Zeit“ ass et märr esou ergaangen. Nodeems den Erny LAMBORELLE märr vom Buch bescheet gesot hat, honn ech märr et besuergt a mech och direkt derhanner gesat.
Do hott een an enger einfacher ma schéiner Schreifweis seng Erënnerungen aus der Kréichsgefongenschaft erzielt. Mat Ëmschreiwungen a präzise Beschreiwunge sënn do Detailer festgehale ginn, déi wann een se liest, ee nawell esou paken, dass ee mengt et géifen der a lieder Stiwwelen iwwert de Gank marschéiert kommen.
De Jean-Louis SCHEFFEN hott aus den Notize vom Pater Ferdinand HERTGES e wäertvollt Buch gemaach. Et sënn Erënnerungen, déi kee besonnesch ervirhiewen, ma op eng net gewinnten Aart, dat Erlieften erzielen. Am Juli 1943 war de Pater HERTGES verhaft ginn an de 9. November 1943 zu Arel zu enger Prisongsstrof von engem Joer verurteelt ginn. Esoulaang war hien an Ënnersichungshaft am Prisong zu Arel. Dono koum, hien zesumme mam Pater KAYSER an de Prisong vo Saint.Gilles op Bréissel an an d‘SS-Lager Beverloo. Fir e puer Deeg koumen si nach eng Kéier zréck op Arel fir dono fir 8 Méint an e Prisong zu Hagen a Westfalen verluecht ze ginn. All Kéier waren d’Konditioune fir déi Gefongen miserabel, ma hien hott duerchgehalen. Den 1. September 1944 gouf hien do entlooss an hott sech op den Heemwee op Clairefontaine gemaach. Dat war wéinst deene villen Zerstéierungen net einfach, ma deen Dag drop, géint der Owend war hien nees am Klouschter.
An da kënnt fir mech nach derbäi, dass ech de Pater Ferdinand Hertges na kannt honn, ma iewer als de „Banes Ferna“. Wann hie vo Clairefontaine op Klenghouschent „a Banes“ bei d'Cunny an de Jäng op Besuch koum, ass hien och niewendron „an Tinnes“ bei meng Bom, dem Hélène, Moie soe komm. Esou e Besuch honn ech do als klenge Bouf materlieft an dat war schonn eppes ganz Besonneschches. Dee léiwe Mann am schwaarze Kostum, dee vo wäit hierkoum, well Clairefontaine war jo net grad ëm den Eck, hott mech beandrockt. Hien hott d'Zäitschrëft „Heimat + Mission“ matbroocht an eist Hélène hott him dann nach por Sue matgi fir zu Clairefontaine Massen ze halen. D‘ Bom hott héich drop gehalen, och zu Clairefontaine eng Mass liesen ze lossen.
An elo wou ech ech ongeféier 60 Joer dono seng Erënnerunge gelies honn ass meng Bewonnerung fir dee Mann nach méi grouss ginn. Et ass och elo on der Zäit fir eppes zréck ze gi fir déi schéin Zäit déi ech zu Klenghouschent konnt materliewen. Dofir honn ech mech agesaat fir deen Owend ze organiséieren a sënn dem Comité vom DCK, dem Dixe Luc mat senger Chorale Sainte Cécile Knapphouschent Selschent an dem Här Jean-Louis Scheffen, déi dat méiglech gemaat honn, en décke Merci schëlleg,
Et ass en Optrag on eis all, d'Erënnerung on dat grousst Verbriechen om Lëtzebuerger Vollek oprecht ze erhalen. D'Erënnerung on de Pater Hertges mécht sech scho ganz gutt an där Kierch, wou hien am Dezember 1897, also viro bal 130 Joer vom Paschtouer Nic Schintgen gedeeft gouf.
Vill Leit ware komm fir en interessante Virtrag ze lauschteren an dono bei engem Patt nach e bësse mateneen ze poteren.