Tennisfest - Paëllaowend

Den Tennis-Club Kënzeg-Féngeg invitéiert op säi grousst Tennisfest den 9. an 10. Juli zu Kënzeg op der Gare beim Tennis.

Samschdeg, den 9. Juli servéiere mier eng "Paëlla Royale" (20 €).
Den Tennis-Club offréiert als Apéritif e killt Glas Sangria.
Sonndeg, den 10. Juli gëtt ët vun 12.00 Auer un e.a Gegrills, Fritten an Eisekuchen.

Umeldung fier t`Paëlla iwert Mail un tckenzeg@pt.lu bis den 7. Juli.

Fir déi leschten Informatioune vum TC Kënzeg-Féngeg, kuckt op eise Site www.tckenzeg.lu