50 Joer Lycée Michel Rodange, 45 Joer Première

Viru 45 Joer ass di éischt Première aus dem Lycée Michel Rodange erauskomm. A viru kuerzem hunn d’Schüler vun deemools sech bei engem Convéniat erëmgesinn, iwwregens den 22. säit deene waarme Junideeg 1973. Elo, wou se bal all pensionéiert sinn, hunn di knapp 20 Meedercher a Jongen an engem flotte Kader am Restaurant Porta Nova um Lampertsbierg sech mat hire Proffe erem getraff; hire Régent Georges Milmeister an de Franséischproff François Thill hu gäre matgefeiert. Bei engem gudden Iessen an engem gemittleche Patt ass iwwer deemools gepotert ginn. Do goufe munch Spiichten opgefrëscht. Si hunn awer och hire verstuerwene Kolleg(inn)e geduecht, wéi d’Kettenmeyer Paule, d’Feit Denise, d’Wagner Chantal, d’Zorzi Liliane an de Schuman Roland a speziell ass un dee kierzlech verstuerwenen, allsäits beléiften Direkter Pierre Goedert erënnert ginn. - Als Conclusioun no deem flotte Mëtteg ass zréckbehale ginn, dass esou Convéniater méi dax missten organiséiert ginn. Lo wëssen d’Organisateuren Nicole Wildgen-Benning a Francis Sandt, wat se fir d’nächst Joer ze maachen hunn.