D’Amicale AMCFEP beim Deputéierte Charel Goerens am Europäesche Parlament

Visitors group Charles GOERENS

Um Enn vun de Feierlechkeeten zum 25. Anniversaire huet d’Amicale vun den Anciens Membres de la Chambre des Fonctionnaires et Employés Publics (AMCFEP) viru kuerzem d’Europäescht Parlament besicht. Den éirewerten Deputéierte Charel Goerens war frou, fir di pensionéiert Vertrieder vun der Chambre professionelle vun de Staatsbeamte kënnen an enger Visite parrainée zu Stroossbuerg ze empfänken.

Bei engem gudden Iessen a gemittlecher Atmosphär huet den Här Goerens zouginn, dass di Avis‘ë vun der Staatsbeamtekummer zu de Projets de loi vun den Deputéierten an der Chamber zu Lëtzebuerg ëmmer mat ganz groussem Interessi erwaart ginn.

Zu Stroossbuerg ass dat eng aner Situatioun, do stousse ganz aner international Interessen openeen. Bei den Ausféierungen iwwert seng Aarbecht zu Bréissel a Stroossbuerg huet een den Engagement vun engem iwwerzeegten Europäer erausgespuert, dee Schwieregkeeten huet, ze verstoe, wéi liichtfankeg verschidde politesch Parteien a souguer EU-Memberstaaten d’Errongeschaften vun der Europäescher Unioun aus egoisteschen oder nationalistesche Grënn op d’Spill setzen.

Dono huet den éirewerten Deputéierten Charel Goerens d’Membere vun der Amicale an de Plenum begleet, wou si d‘Diskussiounen an d‘Ofstëmmunge vun den europäeschen Deputéierte suivéiere konnten.

Ofgeschloss ginn ass den Ausflug op Stroossbuerg mat der Visit vun der schéiner Stad um Ill am Elsass.