Aweiung vun der Schuman's Lounge am LRSL

Den 19. Dezember 2022 war et no 2 Joer endlech souwäit. D' Pandemie a vill ënnerschiddlech Ëmstänn hunn dofir gesuergt datt d' Schuman's Lounge dausend aner Rollen huet missen iwwerhuelen. No sou laanger Zäit konnt se elo offiziell ageweit ginn an hier Roll als Jugendtreff fir d’Schüler anhuelen. De ganzen Dag konnten eis Schüler vun der Schuman's Lounge profitéieren. Mat Musek, Dart, engem Quiz, Hiphop a Kicker hunn mer si bei gudder Laun gehalen. Gechillt gouf op den Fatboys. Merci un d’SchülerInnen déi eis déi gutt Kuchen an Cookie-en gebak hunn. Dat ganzt mat waarmen Téi vum Fairtrade Comité.