Soirée scientifique 2022

De 29. September op der Soirée scientifique hunn d’Schüler vun der 1B an 1C hir Resultater vun den “Ateliers scientifiques” vum leschte Joer virgestallt. D’Themen vun dësen Atelieren waren deelweis eng verbonnen mat deenen vum Voyage scientifique deen am Juli stattfond hat, an deen vum Fonds National de la Recherche ënnerstëtzt gouf.

Während den “Ateliers scientifiques” hunn d’Schüler Dissectiounen gemat vun Organer an sie hunn Bioplastik a Sprangbäll hirgestallt an erfuerscht wéi eng Influence d’Änneren vu verschiddenen Facteuren op d’Eegenschaften vun dësen Kunststoffen huet. Och hunn sie sech befaasst mat der Graphentheorie an hunn Roboteren esou programméiert dass se enger schwarzer Linn nogefuer sinn.