Lycée Michel Lucius: An dankbarer Erënnerung un den Här Marcel Goniva

De Lycée Michel Lucius muss leider fir ëmmer Abschid huele vum Här Marcel Goniva. Am Alter vu 97 Joer ass hien de 17. Januar 2024 fir ëmmer vun eis gaangen. Mir wäerten hien alleguer an dankbarer Erënnerung behalen.


Vill vun eise Schülerinnen a Schüler konnten den Här Goniva kenneléieren, wann hien an eise Lycée komm ass, fir hinne vu sengen Erliefnisser als Zwangsrekrutéierten am Zweete Weltkrich ze erzielen. Hien huet och reegelméisseg Schülerinnen a Schüler vun eis op hire Visite vum Militärmusée zu Dikrech begleet, wou hie gewunnt huet. Duerch hie krute vill Schülerinnen a Schüler eng aner Approche zum Zweete Weltkrich, dem Här Goniva war et ëmmer wichteg, hinnen ze weisen, wéi schnell eng Gesellschaft sech verännere kann, wi schnell grondsätzlech Wäerter net mi kenne gelieft ginn an dat een Aen an Ouere muss ophalen an sech asetze muss fir Fridden a Fräiheet.


Hien war ee faszinéierende Personnage, poulriicht stoung hie wärend Stonne virun eise Schülerinnen a Schüler, huet hier Froe beäntwert, hinne geschichtlech Hannergrënn erkläert an hinne ganz perséinlech Ablécker a seng Erfarungen als Zwangsrekrutéierte ginn. Op dëser Foto ass hien ze gesinn, wéi hien di läscht Kéier am Summer 2021 an eise Lycée koum. Hien huet eis deemools zum Schluss eng Foto vu senger kierzlech verstuerwener Fra Fernande Goniva gewisen. U si huet hien deemools un der Front als Zwangsrekrutéierte geduecht a gehofft, dat hien si rëmgesäit. Elo ass hien rëm bei senger Fra. Rout a Fridden Här Goniva, mir wäerten Iech nie vergiessen an an dankbarer Erënnerung un Iech zréckdenken.