Läschte Konveniat vum Club des Jeunes Ënsber- Bommel- Lëlz- Néngsen

Läschte Konveniat vum Club des Jeunes Ënsber-Bommel-Lëlz- Néngsen

Lëtz: Op der Invitatioun vum läschte Konveniat vum „Club des Jeunes Ënsber- Bommel- Lëlz- Néngsen“ , den 1977 gegrënnt gi war, war folgendes vermierkt: Iwwert verschidden Generatiounen ewech, zu ënnerschiddlechen Zäiten, hu mir als Jugend vill flott Baler organiséiert a selwer gefeiert, sinn méi wi e Mol zesumen wackeleg, verkleet an sangend duerch d’Duerf gezunn, hunn vill Buergen opgericht an ugefangen, sinn zesummen an d’Vakanz gefuer, hunn de Clubsall bezunn an esou muenches méi erlieft. Esou ass och Samsdes, den 17. September bei engem deftige Menü an Ënnerhalungsmusik mam Entertainer „Top Sound“, ronn 40 Leit fir d’läscht no 45 Joer Aktivitéit am Sportszenter zu Lëlz, zesummen gefeiert gin. Anhand vun enger Billerprojektioun goufen vill flott Ërënnerungen aus der onvergiesslicher Jugendzäit nees opgefrëscht. No de Wieder vu Merci vum President Yves Everad an gemittlichem Zesumme sin, huet dese flotte a läschten Konveniat virun der Opléisung sein würdigen Ofschloss fond. (CR) (Foto: Charles Reiser)