De Rapport d’activité 2022 vun der Elisabeth Stëftung ass endlech do! Am Joer 2022 hu mir 11 Projete realiséiert, déi eis besonnesch um Häerz leien.
Mir soen all eisen Donateuren e grousse Merci fir hir trei Ënnerstëtzung. Är Spende sinn d'Essenz vun eiser Missioun an erlaben eis e reellen Ënnerscheed am Liewe vu vulnerabele Leit zu Lëtzebuerg ze maachen.
A fir Äre Bäitrag nach méi einfach ze maachen, hu mir eng fuschnei online Spendeplattform lancéiert, déi Iech et erlaabt mat just epuer Klicks ze spenden: don.elisabeth.lu
Am Rapport d’activité gesitt Dir, wéi mir all zesummen zu Projete bäidroe konnten, déi d'Liewe vu ville Leit verbessert hunn - luet en elo erof andeems Dir op de folgende Link klickt: https://www.elisabeth.lu/wp-content/uploads/2023/02/ELST_Rapport-Activite_2022_Web.pdf
Mir freeën eis eis Erfolleger, Erausfuerderungen an zukünfteg Pläng mat Iech ze deelen!