E generéisen Don vum Schäfer Shop un Elisabeth

De Schäfer Shop huet sech ganz generéis gewisen an huet Elisabeth lescht Woch e Scheck am Wäert vu 4500€ iwwerreecht. Dëse karitative Bäitrag gouf méiglech gemaach duerch den Här Marius WEIS, Country Manager, an den Här Jürgen DAX, Délégué commerical, déi de Scheck perséinlech laanschtbruecht hunn.


Reegelméisseg Spende spillen eng immens wichteg Roll am weidere Fonctionnement an der Viabilitéit vun eise Projeten. Dës Spende garantéieren d’Nohaltegkeet vun Elisabeth an erlaben eis dauerhaft Léisunge fir vulnerabel Leit ze bidden. Dofir soe mir dem Schäfer Shop an hirer Ekipp e grousse Merci fir déi wäertvoll Ënnerstëtzung.


Wann Dir och dorunner interesséiert sidd ze spenden, kontaktéiert eis gären op der E-Mail Adress secretariat@elisabeth.lu


Méi Informatiounen iwwer d’Elisabeth Stëftung fannt Dir hei: https://www.elisabeth.lu/elisabeth-steftung-2/