Elisabeth Enfance war op der BNE Foire mat derbäi

Elisabeth Enfance war dëst Joer op der BNE Foire dobäi fir eist Engagement fir d’Nohaltegkeetsziler vun de Vereenten Natiounen ze promovéieren.


Mir wëllen zu enger méi nohalteger Welt bäizedroen, andeems mir an der lokaler Gesellschaft d'Wichtegkeet vun der Erhalung vun eiser Ëmwelt, d’Fërderung vun der Educatioun, d’Reduzéiere vun Ongläichheeten an d’Benotze vun erneierbaren Energien zum Theema maachen.


An eise Crèchen, Maisons relais a Jugendhaiser setze mir déi Ziler sou wäit wéi méiglech ëm, well mir dovunner iwwerzeegt sinn dass mir all dozou musse bäidroen, e positiven Impakt op déi haiteg an zukünfteg Generatiounen ze hunn.


Entdeckt Elisabeth Enfance hei: https://www.elisabeth.lu/enfance-et-jeunesse/