Eng feierlech Aweiung fir den neie Sëtz vum SIPO

De SIPO, de Service d’aide ambulatoire vun Elisabeth Kanner- a Familljenhëllef, huet säin neie Sëtz an der Stad um 34, rue Edmond Dune, ageweit.


Zënter méi wéi véierzeg Joer bitt de SIPO Kanner a Famillje seng Servicer un, dëst a senge lokalen Antennen zu Esch-Uelzecht, Mäertert, Ettelbréck an an der Stad, mee och duerch Heemvisitten am ganze Land. A senger Ried huet den Här Fernand BODEN, President vum Verwaltungsrot vun Elisabeth, d’Wichtegkeet vun der Hëllef an Ënnerstëtzungsaarbecht ënnerstrach, déi de SIPO de Familljen an hire Kanner zur Verfügung stellt.

Den Här Claude MEISCH, Ministre de l'Éducation Nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse, war och bei der Aweiung dobäi. Hien huet dem SIPO Merci gesot fir seng qualitativ héichwäerteg Servicer an huet d'Wichtegkeet vun der pedagogescher an therapeutescher Aarbecht mat klenge Kanner, wéi och d'Wichtegkeet vun enger enker Zesummenaarbecht mat den Eltere betount. De Gesetzesprojet, dee vu sengem Ministère ausgeschafft gouf, konzentréiert sech op d’Rechter vun de Kanner, mee wëll awer och den Eltere méi Rechter ginn, wéi déi déi den aktuelle gesetzleche Kader bitt.

Am Moment huet de SIPO iwwer 35 Mataarbechter mat ënnerschiddleche Qualifikatiounen a këmmert sech all Joer ëm iwwer 300 Kanner a ganz Lëtzebuerg. De SIPO schafft op eng partizipativ Manéier op Ufro vum Erzéiungsberechtegten a bitt eng fréi Interventioun, pädagogesch a sozial Hëllef souwéi psychologesch Ënnerstëtzung an e psychologesche Suivi un.