Gemeinschaft war an der Oktavmass vun Elisabeth grouss geschriwwen

D’Mataarbechter an d’Bewunner vun den Haiser vun Elisabeth hunn an der Oktavmass vun de Wierker vun den Elisabetherinnen den 8. Mee en onvergiesslechen a gesellege Moment matenee verbruecht.


Déi feierlech Zeremonie, déi mat vill Léift virbereet gi war, huet de Bedeelegte gehollef, Kraaft ze tanken an iwwert d'Bedeitung vum Thema, “Maria, Zeeche vun Hoffnung an Trouscht” nozedenken.


No der Mass hu sech d’Mataarbechter an d’Bewunner vun den Haiser am Haff vun der Kathedral zesummefonnt, fir bei Kaffi a Kuch eng flott Zäit mateneen ze verbréngen. Sou gouf dann och de Gemeinschaftsgeescht, dee fir Elisabeth immens wichteg ass, gestäerkt.


Fotoen: Serge Feltes, Vincent Pauly