Am Kader vun der Schoulkiermes vun der Primärschoul Grevenmaacher krut d'Associatioun Île aux Clowns e Scheck iwwerreecht. Déi 1.500 Euro goufe vun de Schoulkanner gesammelt. Si haten am Virfeld mat vill Engagement flott Bastelaarbechte gemaach, déi si op hirem Ouschterbazar verkaaft hunn. Mat dëser Aktioun konnten si eng flott Zomm zesummebréngen, déi si gespent hunn, fir d'Aarbecht vun de Spidolsclownen z'ënnerstëtzen. E ganz grousse Merci geet un all d'Kanner an un d'Léierpersonal.