D'Schoulkanner aus der Primärschoul Näerzeng haten vill Freed um Spendelaf, un deem si am Kader vun hirem Schoulsportdag deelgeholl hunn.
Den Erléis vun hirer Spendenaktioun hu si un Île aux Clowns gespent.
E grousse Merci geet un d'Kanner an un d'Léierpersonal vun der Sonneschoul fir hiren Engagement a fir dës generéis Ënnerstëtzung. D'Kanner an der Klinik freeën sech wann Clownen hinnen e puer schéi Momenter schenken.