Internationalen Dag vun der sozialer Aarbecht: Entdeckt Elisabeth

De 15. Mäerz ass den Internationalen Dag vun der sozialer Aarbecht. Dësen Dag ass eng fantastesch Geleeënheet fir d’Wichtegkeet vun der Aarbecht vun deenen, déi am sozialen Déngscht schaffen, z’ënnersträichen. Si hëllefen all Dag dobäi, d’Liewe vu vulnerabele Leit op der ganzer Welt ze verbesseren.


Zënter méi wéi 350 Joer engagéiert Elisabeth sech fir d'Lëtzebuerger Gesellschaft, andeems mir déi ënnerstëtzen, déi eng essentiel sozial Hëllef am meeschte brauchen. Als ee vun de wichtegste sozialen Acteuren am Land hu mir iwwert d’Joren eist Engagement zu Lëtzebuerg verstäerkt an eis Servicer reegelméisseg un d’Bedierfnesser vun der Gesellschaft ugepasst.


Bei eis schaffen iwwer 2200 qualifizéiert a motivéiert Mataarbechter, déi sech all Dag häerzlechst ëm Kanner, Flüchtlingen, Jonker, Persoune mat Handicap an eeler Leit këmmeren. Mir schaffen awer och enk mat de Familljen, eise Partner an de lokale Communautéiten zesummen, fir e Service ze bidden deen u jidderengem seng individuell Besoine kann ugepasst ginn.


An eisem Video, deen extra fir 350 Joer Elisabeth ze feieren erstallt gouf, gesitt dir d'Aarbecht déi alldeeglech vun de Mataarbechter vun Elisabeth gemaach gëtt.