Klibberen - MERCI
to see more pictures.
Alle Lëtzebuerger Massendénger mat hire Frënn aus der Schoul / dem Duerf, Massendéngeresponsabel, Begleeder - ALLE Bedeelegten - Grouss a Kleng- ee grousse, waarme MERCI fir all Är Engagementer wärend der "Klibberzäit".
Vill Lëtzebuerger Massendénger haten niewen dem Klibberen och nach Asaz an de Gottesdéngschter vun de Kardeeg gewisen - a sinn och nach dee ganzen Ouschterweekend an den Ouschtermassen (Ouschternuecht, Ouschtersonndeg, Ouschterméindeg) an de Kierchen am Asaz!
Merci fir alles - Dir sidd ganz wäertvoll an Ären Dierfer/Paren! Bleift weiderhin aktiv dobäi - ouni Iech ass et net sou lieweg!
Iech all geseenten Ouschteren an eng gutt Ouschterzäit!
iwwregens:
“Klibbere goen” ass den 20. Dezember 2022 op den nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwe zu Lëtzebuerg opgeholl ginn. (Trägergesellschaft sinn d'Lëzebuerger Massendénger).
{{Klibbere gesicht:}}
Hutt Dir eng Klibber doheem an si hënnert Iech bzw. dir kennt déi net méi gebrauchen? Kee Probleem - d’Lëtzebuerger Massendénger freeë sech iwwer all Klibber fir hire Klibberstokk ze vergréisseren. Esou kenne mir Klibberen un déi Gruppe verléngen, déi der net genuch hunn.
Mellt Iech einfach bei eis a mir kennen dann eppes ausmaachen.
Kontakt:[->massendenger@cathol.lu]
Telefon: 44 743 243
Homapage vun de Lëtzebuerger Massendénger zum Klibberen 2023