"Klibbermécher" - Atelieren wärend der Semaine du Patrimoine

Um Enn vun der Karwoch ginn zu Lëtzebuerg d’Klibberkanner duerch d’Stroossen an ersetze mat hire Klibberen a Spréch d’Klacken, déi op dësen Deeg net lauden. Dësen ale Brauch ass säit 2022 am nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen agedroen (www.iki.lu).

2 Cours'en goufen an der Schräinerei Baden zu Waldbëlleg (mat finanzieller Ënnerstëtzung vum Kulturministère) ënner professioneller Leedung organiséiert fir selwer eng Klibber aus "Holz vun hei" ze bauen an domat en Deel zum nationalen Ierwe bäidroen!