Scheckiwwerreechung beim Lions Club Luxembourg-Europe

Virun kuerzem huet de LIONS Club Luxembourg Europe Schecken am Gesamtwäert vun 20.000 € un 4 Associatiounen iwwerreecht.


5.000 € waren fir Solidarité Jeunes a.s.b.l., déi am Déngscht vun Kanner, Jugendlechen an jonken Erwuessenen schafft, déi aus familiären oder perséinlechen Grënn net méi kënnen am Elterenhaus wunnen.


5.000 € krut och d'Vereenegung Dialyse Patienten Lëtzebuerg a.s.b.l. Des Associatioun ënnerstëtzt nierekrank Patienten an hir Familljen duerch perséinlech Berodung virun a wärend der schwéierer Zäit an der Dialyse. Reegelméisseg gi Campagnë fir den Don d' Organ ënnerstëtzt, Informatiounstreffen, Ausflich, Kachcoursen a Summervakanze fir Dialysepatienten organiséiert.


5.000 € sinn un d’Organisation Theresia’s Orphans and Vulnerable Children Foundation Namibia gaangen, mat där de LIONS Club Luxembourg Europe schonn laang Joren excellent Relatiounen ennerhällt. Dëse Projet, deen vun engem Lëtzebuerger geleet gëtt deen an Namibia wunnt an schafft, ënnerstëtzt Kanner déi hir Elteren verluer hunn resp. Elteren hunn déi sech net em d’Kanner këmmeren kennen.


5.000 € sinn och un den Dr Georges Kratzenberg an seng Associatioun Un sourire pour l’Equateur a.s.b.l. gaangen. Dëse Projet huet zum Ziel, den Leit an engem vun deenen äermsten Länner vun Südamerika, den Accès zur d’Zännmedezin ze erméiglechen. Et geet hei och dorëm de Leit di elementar Zännhygiène ze erklären an och Zänndokter auszebilden an hinnen Material zur Verfügung ze stellen.


D’Photo weist di Responsabel vum LIONS Club Luxembourg-Europe mat den Vertrieder vun deenen 4 Associatiounen.