De 24. Februar 2020 waren d'Klassen 3GCM1 an d'2GCC aus dem Lycée Technique Ettelbréck d'Chamber visitéieren. Virdrun hate si e reegen Austausch mat den Deputéierten Martine Hansen a Marc Lies iwwert d'Themen déi de SchülerInnen wichteg sinn, esou hunn hei virun allem de Verkéier an den ëffentlechen Transport dominéiert.