De Kleeschen war am « Foyer am Brill » zu Mamer !

Och dëst Joer war de Kleeschen d’Gäscht besiche komm. Zoufälleg war deen Dag « Sangen » um Programm an sou hat de Jean Kandel enetlech Lidder zesummegesicht déi mat Freed gesonge gi sinn a vun eisem Pianist Guy Lucas um Piano begleed gouwen. Mat däitsch, franséisch an natierlech och epuer lëtzebuergesch Lidder hu mir de Kleeschen an den Houseker emfaang! Fir jiddereen hat de Kleeschen ee léift Wuert an eng Tiitchen. Den Houseker gouf keng Tutt lass, si haten sech all gutt geschéckt. Mam Gedicht : « t’ass kal dobaussen hault de Wand, den Zinnikleesche geet duerch d’Land » an deem onëmgängechen « Léiwe Kleeschen » as hien mat sengem Gesell weidergezunn, mam Verspriechen d’nächst Joer erëm an de Foyer ze kommen.

Den Zinnikleesche !

’t ass kal, dobaussen hault de Wand,
den Zinnikleesche geet duerch d’Land.
En huet sech op de Wee gemaach,
well ’t ass säin hell’gen Namensdag.

E geet mat sengem grousse Kuerf
duerch jiddfer Gaass, duerch jiddfer Duerf.
A wou brav Kanner sinn am Haus,
do geet e ’ran, do deelt en aus.

Deen ee kritt dëtt, deen an’ren dat,
sou wéi et steet op sengem Blat.
En ass e gudden ale Mann,
a mécht alt wat e maache kann.

An huet e muerges, géint der Dag,
duerch d‘Haiser da säin Tour gemaach,
da geet ’n am Éislék op eng Kopp
an heemlech an den Himmel op.