Eis Lëtzebuerger Lidder sinn ee groussen Deel vun eiser Kultuer . . .
to see more pictures.
. . . ma och eng wichteg Hëllef um Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch !
Duerfir ass et wichteg de Patrimoine ma och eis Sprooch ëmmer ze ënnerstétzen an aktiv drun ze schaffen. „D'Actioun Lëtzebuergesch“ an “'d'Zentral fir d'Lëtzebuerger Sprooch“ ginn sech all Méi fir eis Sprooch ze erhalen. Wa mir dann an eisem lëtzebuerger Lidder Archiv no sichen, da fanne mir vill Interessantes iwwer Béides. Lidder erzielen äis jo och meeschtens eng ganz an interessant Geschicht a sinn duerfir och eng wäertvoll Hëllef an den Lëtzebuerger Coursën a vierwat net och an eise Schoulen. Do geet et jo net nëmmen drëms ee Lidd ze sangen, ma och iwwer de Sënn an d’Geschicht vum Lidd zesummen ze schwätzen. Lëtzebuerger Lidder fënd een iwwer d’Land, seng Géigenden an Dierfer sou wuel wéi iwwer fréier Beruffer, Bräicher, Monumenter a bedeitend Leit, iwwer Fester a Feierlechkeeten, iwwer Veräiner, Hobby a Sport, iwwer Iessen, Drénken a Léift, iwwer all Altersgruppen a Sozial Schichten an Reliéis Theemen oder Kannerlidder, ma och aus schwéieren Zäiten a vun traurege Momenter. Et gëtt an et geschitt jo näischt wouriwwer een net ee Lidd fanne géif fir ze sangen oder den Text ze liesen Niewt engem Archiv vun 5.000 Lëtzebuerger Lidder ( Wierder an Nouten ) gëtt et elo och 2 Lidder-Bicher, mat 95 däer Päerelen déi fréier iwwerall, auswenneg gesonge gouwen, ma lues a lues an de Vergiess gerode sinn well se a kenge Bicher woaren an elo een drëtte Band mat 50 eegen Gedichter a Lidder ! Een Archiv muss liewen ! Duerfir, wann dir emol esou eng Päerel vu fréier sicht, da frot roueg, och fir all Info iwwer eis schéin a kulturel wäertvoll Lidder: Jean Kandel, Mamer 621 665 212 / jeankandel@pt.lu -