National Feierdag ass ëmmer ee wichtegen Dag fir eis all !
Fir National Feierdag gëtt et och epuer Lidder... ugefaangen bei der « Heemecht » Et sinn zwar nëmmen 2 Strofen bekannt, ma de Méchel Lentz huet der awer 1864, véier geschriwwen, déi de Jean-Antoine Zinnen vertount huet. De 5,Juni 1864 gouf dat Wierk zu Ettelbréck ueropgefouert. Wat eis awer nach méi iwwerrascht : eis Heemecht krut nach 3 Strofen derbäi! 1939 fir d'Onofhängegkeetsfeier, 1944 iwwer Radio BBC well déi Zäit d'Groussherzogin zu London woar, an nach eng 7. Strof vun däer net genee bekannt ass wéini si geschriwwe gouf, ma d'Wierder awer gudd passen. Deemno vir all eis Lieser : « Ee schéinen Nationalfeierdag ! » A wann Dir däer schéiner Lëtzebuerger Lidder sicht, besonnesch och méi aler, da frot emol am Lëtzebuerger- Lidder- Archiv : jeankandel@pt.lu