150 Jar Manternacher Kierch

Op de Kiermessonndeg, de 15. November huet déi Manternacher Duerfgemeinschaft den 150. Gebuertsdag vun hierer Kierch an den 100. Gebuertsdag vun hierer Uergel gefeiert.
Eng konzelebréiert Mass, ënner der Leedung vum Här Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich, war den Héichpunkt vun de Jubiläumsfeierlechkeeten, déi sech vum Juni 2015 bis de Juni 2016 hinzéien. Virun der Mass ass op der Plaz virun der Kierch eng Erënnerungsplack ageweiht ginn, op där d'Nimm vun de Manternacher Paschtéier an d'Geschicht vun der Par ze liese sinn. An der Kierch huet de President vum Organisatiounscomité, Roby Mehlen dozou Explikatioune ginn. Duerno huet de President vum Kiercherot, Aloyse Schumacher, den Här Äerzbëschof an d'Éiregäscht begréisst an Iwwerleeungen iwwer d'Kierch an éiser Zäit ugestallt. An sénger Priedegt ass den Äerzbëschof op dës Thematik agaangen an huet séng Vue vun der Zukunft vun der Kierch ausernee geluegt. Um Enn vun der Mass huet de Buergermeeschter Henri Frank séng Satisfactioun iwwer déi réusséiert Restauratioun vun der neigothescher Manternacher Kierch gesot an der Kierch d'Ënnerstëtzung vum Manternacher Gemengerot zougeséchert. D'Chorale vu Mompich, déi d'Mass gesongen haat, huet Merci gesot kritt, an duerno ass hannen an der Kierch e gudd Glieschen Pinot gris 2011 aus der Manternacher Fiels zervéiert ginn.
Fotoen: Edy Frières
PDF: Erënnerungsplack, déi virun der Kierch ageweiht ginn ass.