Conveniat vu fréieren Aackerbauschüler zu Manternach

D’Valorisatioun vum Holz stung dëse 24. Mäerz am Mëttelpunkt vum Conveniat vun der Promotioun 1964-65 aus der Aackerbauschoul. Fir d’éischt war et eng Visite guidée vun der Seeërei Scholtes zu Manternach, déi zanter den 1950-er Jaren als Famillgebetrib besteet an déi en intressanten Abléck an déi modern Technik bei der Verwäertung vun eisem Holz erlabt huet. Duerno ass et weidergaang bei de Schräinereibetrieb Annen déi aner Säit vum Duerf. Och e Famillgebetrib, deen zanter 70 Jar zu Farschweiler/D besteet an amgaang ass sech zu Manternach nei ze établéieren. No enger flotter Présentatioun vun der Firma an deem futuristesche Gebai gouf et dunn en exzellent Mëttegeessen am Restaurant „Kachatelier“ deen zanter e puer Méint am selwechte Gebai funktionéiert. Dobei sinn da wéi gewinnt, al Erënnerungen an aktuell Evenementer lieweg diskutéiert ginn. Dat nächst Jar ass envisagéiert, déi nei Aackerbauschoul zu Gilsdrëf ze besichen.