D’Nordstrooss Shopping Mile Marnach seet dem René Metz e grousse Merci fir de Nordstrooss-Ballon, deen hie mat vill Léift a Präzisioun realiséiert huet. Säin Engagement stoung am Zeeche vum gudden Zweck: Am Kader vun der alljärlecher Braderie huet d’Nordstrooss Shopping Mile Marnach en Don vun 2.000 € un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerreecht. D’Fondatioun ënnerstëtzt zanter ville Jore Kanner a Jugendlecher mat Kriibs an hiert Ëmfeld a dréit esou wichteg zu méi Liewensqualitéit bäi.