Ausfluch vun der Mierscher Musek op Hamburg

Vum 16. bis den 20. Mee 2016 war d’Mierscher Musek een Ausfluch op Hamburg maachen. Hei hunn déi 58 musikalesch Touristen nierft enger Visite vun der Stadt selwer, och een Tour mat enger Barcasse duerch den Hafe vun Hamburg gemaach. Et gouf gemunkelt, datt deen een oder aneren owes och op der Reeperbahn gesi gouf. Wëll den Norde vun Däitschland awer vill ze bidden huet, ass et mëttwochs als éischt op Lübeck an duerno un de Strand vun Travemünde gaang. Selbstverständlech huet, wéi Dir gesitt, eng Gruppefoto net dierfe feelen. Den Dag drop stoung dunn entweder eng Beatlestour (Beatles haten hier éischt Optrëtter zu Hamburg) oder d’Miniaturwelten um Programm, ier et da Mëttes bei schéinstem Wieder op Shoppingtour goung. D’Visite vun engem Musical huet natierlech och net dierfe feelen a sou hunn eis Touristen sech dierfen entweder op de König der Löwen, Aladdin oder Phantom der Oper freeën. Freides ass et du leider schonn erëm nees zréck op Miersch gaang, mä mat ville schéinen Impressiounen a gudder Stëmmung am Gepäck. Mat enger gudder Zesummenaarbecht mat der Reesagence Demy Schandeler war Hamburg eng wuelverdéngten Erhuelung an Oflenkung vum musikalesch Alldag.