Don vun 2.000 € vun der Mierscher Musek un d'Croix-Rouge

Op hirem traditionelle Gala Concert, deen den 30. Abrëll am Mierscher Kulturhaus statt fonnt huet, hat d’Mierscher Musek eng Quête zu Gonschte fir Flüchtlingen aus der Ukraine gemaach. De 25. Mee hat de President vun der Mierscher Musek Asbl, de Marvin Caldarella Weis, a Begleedung vu sengem Komitee, déi grouss Freed dem Nadine Conrardy, Member vum Direktiounskomitee vun der Croix-Rouge Lëtzebuerg, awer och Member vun der Mierscher Musek, ee Scheck vun 2.000,- Euro ze iwwerreechen.