Frëndschaft iwwert d'Grenzen eraus

Scho säit bal 10 Joer verbënnt eng ganz déif Frëndschaft d’Museken vu Miersch a vu Forbach (Schwarzwald). Duerfir hunn et sech eng 55 Mierscher Musikanten net huele gelooss fir hier Frënn de Weekend vum 11. -12. Mee besichen ze goen. No engem gemittlechen Trëppeltour, konnte si bei Kaffee und Kuchen déi schéin Aussiicht op Forbach genéissen. Owes hu béid Museken dunn hiert Kënnen zum Beschte ginn, wou bäi zum Schluss iwwert 100 Musikanten op der Bühn stounge fir dem Forbacher Publikum nach puer gemeinsam Zugaben ze spillen wéi zB Friends for Life. Sonndes Moies stoung dunn nach eng ganz interessant Visite vun der Schwarzenbach Talsperre um Programm, ier et no engem gemeinsamen Iessen erëm zréck op Lëtzebuerg gaang ass. Et war ee kuerzen an intensiven, mä gelongene Besuch bei Frënn.