Aweiung vun den neie Gemengenarchiven

D'Mierscher Gemeng huet zënter Enn Abrëll 2018 nei Archiven am Keller vum neie Schoul- a Maison Relais-Gebai Nic Welter. Dës Raimlechkeete bidden eng adäquat Plaz fir d’Konservéierung vu wichtegen Dokumenter aus der Administratioun, Biller, Bicher, de Recensement fiscal a Geschenker, déi d‘Gemeng am Laf vun der Zäit kritt huet.


De Schäffen- an de Gemengerot zesumme mat de Presidenten a Secrétairë vun de Gemengekommissiounen hunn déi nei Raimlechkeet mam Duerchschneiden vum Tricolore-Bändchen dëser Deeg offiziell hirer Bestëmmung iwwerginn.


De Buergermeeschter vun der Mierscher Gemeng, Michel Malherbe, huet alle bedeelegte Beamten a privaten Entreprise Merci gesot, fir déi professionell Ëmsetzung vun engem wichtege Puzzel-Stéck fir d‘Erhale vum administrativen a kulturelle Patrimoine.


D‘Technik erméiglecht iwwert dat ganzt Joer eng Temperatur vu konstant 22 bis 23 Grad bei plus-minus 51 % Loftfiichtegkeet. Wat d‘Kapazitéit vun de Stellagen ubelaangt, sou kéinten an dësem Archiv 6.400 Classeuren à 8 Zentimeter breet ageraumt ginn.