Ovatioun fir den neie Mierscher Gemengerot

Nodeems déi nei Conseilleren den 11.Dezember hiren Eed ofgeluecht haten a schonns wéi de Schäfferot zënter Méint hirer Aarbecht noginn, gouf Mëtt Abrëll de ganzen, neie Gemengerot offiziell geéiert. Als Initiateur vun dëser Feier hat de Syndicat d’Initiative et de Tourisme op de Camping invitéiert wou déi Mierscher Musek ee stëmmungsvolle Kader gesat huet.


Op der Wiss um Krounebierg direkt nieft der Schoul Cécile Ries hunn déi 13 politesch Responsabel jidderee säi Bam geplanzt. Dësen Akt soll d’Nohaltegkeet vun hirem politeschen Handelen symboliséieren. Den Abby Toussaint, neie President vum Syndicat huet et a sénger Ausféierung op de Punkt bruecht: « e Bam ass Liewen, e Bam mécht eis Loft propper a liwwert eis dat, wat mer zum Otmen brauchen : Sauerstoff.“ Weider huet de Syndicatspresident vum Bam „als Liewensraum fir aner Liewenwiesen“ geschwat an d’Wichtegkeet vu gudde „Wuerzelen, déi sech mam Heemechtsbuedem verbannen fir dauerhaft eng staark Unitéit ze ginn“ ennerstrach.


De Buergermeeschter Michel Malherbe ass a sénger Ried op d’Responsabilitéit vum Bierger an dem Politiker agaangen. Och wann de Schäffen- an de Gemengerot am Kader vun deene virgeschriwwene Kompetenzen hir Decisiounen misten huelen, sou „ginn et Gott sei Dank nach engagéiert Bierger a Biergerinnen, déi a Veräiner a Commissiounen, an Institutiounenen an an de Parteien oder am ganz normalen Alldag hir Verantwortung iwwerhuelen a mat schaffen dat mir am grousse Ganzen e friddlecht Liewen kënne féieren.“