Benefizconcert vun der Mierscher Musek

De 4. Mee huet d’Mierscher Musek op hiren traditionelle Fréijorsconcert an d’Mierscher Kulturhaus a gelueden. Ugefaang huet deen Owend awer de Jugendensembel mat Berliner Luft a Bohemian Rhapsody, ënnert der Leedung vum Sous-Chef Ben Brosius. Mat Magic Overture huet de groussen Ensembel dunn hiren Deel ugefaang. Mat Innuendo vu Queen an der Geschicht iwwer Atlantis sinn d’Leit aus der Verzauberung geholl ginn a spéitstens wéi während dem Stéck Morning Madness
3 Musikanten mat hirem Auto duerch Zuschauer Reie gefuer sinn, war och dee leschten am Sall waakreg.


Als Invité hat d’Mierscher Musek am 2. Deel Bigband vun der Spuerkeess op Besuch. Ënnert der Leedung vum Romain Alff haten déi 20 Bankers ee flotten a schmassege Programm opleien, deen d’Auditeuren am Sall och mat kräftegem Applaus honoréiert hunn. Als Belounung gouf et nach 2 Zugaben.


D’Quête deen Owend war fir den Télévie woubäi ee Scheck vun 2.200 Euro awer schonn de 27. Abrëll um Téléviedag am Centre de Promesse Miersch iwwerreecht gouf. Trotzdem hunn Diane Wunsch, Coordinatrice vum Télévie an den Abby Toussaint als Chef vum Centre de Promesse Miersch keng Méi gescheit a sinn dës Organisatioun virstelle komm.