D'Mierscher Musek spend 2.200 € un d'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf

SONY DSC

De President vun der Mierscher Musek Asbl, a Begleedung vu sengem Komitee, hat déi grouss Freed den 18. Juli 2018 der Madame Karin Kiesendahl vun der Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf ee Scheck vun 2.200,00 EUR ze iwwerreechen.


Dës Spend kënnt aus dem Erléis vum Benefizconcert, deen d’Mierscher Musek
den 28. Abrëll 2018 zesumme mat der Harmonie Victoria Téiteng am Mierscher Kulturhaus gespillt huet.