D'Mierscher Musek spent fir ee gudden Zweck

SONY DSC

Virun e puer Deeg  hat d’Mierscher Musek déi grouss Freed ee Scheck vun 2.500 EUR un d’Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung ze iwwerreechen.

Dësen Don ass den Erléis vum Benefizconcert, deen zesumme mat der Douane’s Musek, de 6. Mee 2017 am Mierscher Kulturhaus war. An der Paus vum Concert huet de Generaldirekter Dr Jean-Paul Grün deene villen Auditeuren d’Fondatioun an och d’Blannenheem virgestallt.


D'Mierscher Musek seet all hire Sympatisanten an Donnateuren ee grousse Merci fir hir Generositéit.