Eng Wanterwelt am Topaze um Mierscherbierg

Et schneit am Topaze – awer net mat Äis a Reif, mee mat Konscht aus Pabeier. Dëst Joer ass d’Dekoratioun am Topaze e richtegt Konschtwierk, dat d’Visiteuren direkt an eng verzaubert Wanterwelt entféiert.D’Pabeierkënschtlerin Eliane Lothritz huet sech eppes Besonnesches afale geloos:48 grouss Beem aus Pabeier hänken elegant vum Plafong erof. Dertëschend glënneren Schnéiflacken aus Seidepabeier, déi dem Raum eng liicht a festlech Atmosphär ginn.De ganzen Topaze ass zousätzlech mat klenge Pabeierbeem a Schnéiflacken dekoréiert, fir d’Bild perfekt ze kompletéieren.Am Ganzen sinn 3294 Schnéiflacken verdeelt, all eenzel mat vill Gedold a Präzisioun gefaalt.Fir dës aussergewéinlech Dekoratioun goufen eng beandrockend Quantitéit u Material verschafft:2544 Blieder Pabeier fir d’Beem an 23058 Blieder Seidepabeier fir d’Schnéiflacken.D’Resultat ass eng Kuliss, déi d’Visiteuren an eng poetesch Wanterlandschaft versetzt. D’Kombinatioun vu grousse Beem, filigranen Schnéiflacken an der villfälteger Detailaarbecht weist net nëmmen d’Kreativitéit vun der Kënschtlerin, mee och hir Gedold an hir Léift fir d’Handwierk.Den Topaze erstraalt domat dëst Joer als festlech Konschtgalerie, wou d’Pabeier zu Liewen erwächt an fir Wanterzauber suergt. E Besuch am Topaze lount sech.