Am Topaze Shopping Center um Mierscherbierg ass d’Fréijoer schonn erwächt.Dëst Joer schénge 96 Blummen aus Krepppabeier duerch d’Galerie – all eenzel vun Hand gemaach vun der Pabeierkënschtlerin Eliane Lothritz. Kommt laanscht, loosst iech verzauberen a stëmmt iech op d’Fréijoer an.