Gala Concert vun der Mierscher Musek

De 16. Dezember 2017 hat d'Mierscher Musek am Kulturhaus hiren traditionelle Gala Concert. Dëst Joer awer huet deen am September nei gegrënnte Jugendensembel den Ufank gemaach. No just 3 Méint hunn déi 27 Jonker ënnert der Leedung vum Ben Brosius dem Publikum hiert Könne bewisen. Duerno huet de Maurizio Spiridigliozzi awer d'Ruder an d'Hand geholl an huet seng Mierscher Musek duerch lëtzebuergesch, italienesch a spuenesch Gewässer bruecht. Bei de bekannten italienesche Melodien wéi Azzuro, Mamma Maria a Volare huet de Nicolo Romito si gesanglech begleet. Als Ofschloss huet d'Mierscher Musek ee Medley vu Lëtzebuerger Melodie presentéiert woubäi hire Chef si um Akkordeon begleet huet an ënnert anerem och de Claude Haubrich mam Hexemeeschter gesanglech ervir getrueden ass. D'Publikum, dat deen Owend vum Anouk Hippertchen duerch de Programm gefouert gouf, gouf nach mat zwou Zugaben belount.


Ween de Concert verpasst huet, kann d'Mierscher Musek samschdes, den 13. Januar 2018, ëm 20.00 Auer zu Lëntgen a Mouschelt nach eng Kéier lauschtere kommen.