Gala Concert vun der Mierscher Musek

Den 22. Dezember 2018 hat d'Mierscher Musek am Kulturhaus hiren traditionnelle Gala Concert. Virum ausverkaftem Haus huet d'Mierscher Musek an de Jugendensembel, ënnert der Leedung vum Maurizio Spiridigliozzi respektiv dem Ben Brosius, Stécker presentéiert ënnert dem Motto "Le grand Nord". Beim iresche Stéck At Kitty O'Shea's an Old Russian Romances sinn d'Museker vun der Geiistin Vania Lecuit begleet ginn. Bei Take on Me vum Grupp A-ha an Happy New Year vun ABBA huet de Ricardo Vieira seng imposant Stëmm ertéine gelooss.


Ween de Concert verpasst huet, kann d'Mierscher Musek samschdes, den 12. Januar 2019, ëm 20.00 Auer zu Lëntgen "A Mouschelt" nach eng Kéier lauschtere kommen.