Miersch: All Pensionnären a Schwësteren, aus dem Home Saint- Joseph vu Miersch, déi tëschent am Abrël bis Juli gebuere goufen, sin am Kader vun enger gemeinsamer an flotter Geburtstagsfeier mat enger Rous geéiert gin. Et war gläich di drëtt flott Veranstaltung fir dest Joer, déi zesummen mat de Memberen vun de Familljen organiséiert gin ass. D’Gemengen vu Colmer- Bierg, Hëlperknapp a Miersch waren vertrueden duerch Isabelle Wickler, Jean- Claude Mathekowitsch an Willy Vullers. Am Numm vun der Direktioun a vum ganzen Personal mat der Schwëster Paule Detampel, huet de Home-Direkter Nicky Wintringer alle Jubilaren mat enger schéiner Rouss gratuléiert a weiderhin och eng gut Gesondheet an Zefriddenheet fir Zukunft gewënscht. No enger Coupe Crémant war et dem Entertainer Trio Pagliarini de ganzen Nommëtteg iwer mat flotter Ënnerhaalungs- an Danzmusik fir super Stëmmung am festlich gerëschtem Saal gesuergt huet. Héichpunkt vun deser Geburtsdagsfeier war ouni Zweifel d’Opschneiden vum groußen Geburtsdagskuch. D’Jubilaren waren: Felten Marie- Louise (72 Joer), Fellens- Serres Liliane (79), Kontz Jean- Baptiste (80), Soisson Raymond (82), Crices-Carcia Francisco an Lahr- Wiesen Georgine (83), Thiry- Dennenwaldt Marga an Kinarian- Laux Jeanny (84), Düsseldorf-AloyseWagner- Koster Margot an Wanderscheid Madeleine (85). Emmeringer- Dickes Jeannette, Heck- Herber Georgette an Sr. Hourscht Béatrice (86), Schwitz- Bach Agnès (88), Boreiko Alexandre, Legay Irène, Fischbach-Fettes Elise an Ferreira De Pina Dos (89). Weis- Seidemann Marguerite, Spielmann- Krepper Hannelore an Scheffen Théo (90). Diederich- Ludes Marie Madeleine, Schellen- Reisen Marie Pauline an Hemmer Norbert (91), Lorse- Weyland Suzanne (92), Van der Weken- Nols Josephine (93. Muller- Heiderscheid Alice (94) an Thillmany Nicolas (95). (CR). (Foto: Charles Reiser)