Second Hand Maart bleiwt Haaptaktivitéit bei den Aktiv Frae Miersch



Aktiv Frae Miersch mat positiver Joeresbilanz

Miersch: Ganz bekannt, ënnert hirem Numm „ Jeunes Mamans Miersch“ hun si am Juni 2023 mam Accord vum ACFL Verwaltungsrot, grëng Luucht kritt, fir de Numm vum Mierscher Dammeveräin op „ Aktiv Frae Miersch“ ¨emzeänneren. Mir si ganz frou doriwwer, an hun bis elo schon ganz vill positive Feedback duefir kritt. Mir hun och gläich gesin, dat vill Dammen sech ugesprach fillen, an mir vill Zousproch do kréien. Dat war den éischte Punkt vun der desjähriger Generalversammlung vun den „Aktiv Frae Miersch“, den och vun der Versammlung unisono zougestëmmt gin ass. No de Wierder vu Wëllkomm vun der Presidentin Sylvie Hames- Nosbusch ass och an enger Minut vu Stëll, begleed mat engem Gebied vum Aumônier Félix Steichen un all Memberen geduecht gin, déi, di läscht zwee Joer de Veräin hu missen fir ëmmer verloossen. Eng Generalversammlung ass ëmmer di richtig Plaatz fir all denen Merci ze soen, déi an irgend enger Form zum Gelëngen vun de Second Hand Märt an denen läschten zwee Joer an der Hal Irbicht zu Bieréng beigedroen hun. Vir un allem, der Gemeng mat hirem Personal fir de Subsid an zur Verfügung stellen vun de Räimlichkeeten an dem Material mam néidigen Transport. Och un all Benevolen, wou ronn 60 bis 70 Damen an Hären beim läschten Second Hand zesummen mat Komitee wärend 10 Deeg mat ronn 1200 Stonnen geschafft hun, galt Dank a Respekt fir hiren Asaatz. Nit ze vergiessen, all Spender aus der Gemeng an doriwwer eraus, déi dem Veräin gutt erhaale Kleeder, Spillsaachen, Baby Artikelen asw gratis zur Verfügung gestallt hun, fir de gudden Zweck können ze verkaafen, an och ouni déi keen SH könnt ofgehaale gin. D’Spillerequip vu 5X Bieréng gouf och Merci gesoot fir d’Kaffistuff, wat ëmmer eng Beräicherung fir de Maart zu Bieréng ass. Weider Mercien goufen un all Memberen fir d’Mitgliedskaart an deelhuelen u verschidden Coursen geriicht, dem Organisatiounscomité an de Fraen a Mammen Miersch fir dat gut zesummeschaffen an denen läschten zwee Joer, de Fotografen fir hir stete Presenz, an dem Aumônier Félix Steichen fir seng moralisch Ënnerstëtzung. A sengem gut gefëllten Aktivitéitsvericht huet d’Sekretärin Silvia Cortina Z. B. un di zwee läscht Joeren erënnert , niewend véier Second Hand Mäert, véier Scheckiwerreechungen, Kleedersammlungen, Yoga Cousen, Oweswanderung duerch de Bësch mat de Kanner, Familijefest am Park zesummen mat der Par Miersch, Spill- a Backnommëttercher fir Kanner, Visit vun der Nationalbibliothek a villes Méi di Aktiv Frae Miersch och bei den ouevres paroissiales souwi bei de Feierlichkeeten vum Nationalfeierdag an der Journée Commémorative aktiv derbéi waren. Den ausféierlichen an positiven Finanzbericht vum Josiane Feller gouf vun de Keesserevisroren Germaine Schroeder an Marie- Paule Hoffmann als exakt bestätigt an vun der Versammlung Entlaschtung gewährt. No de Wierder vum Schäffen Abby Toussaint, den am Numm vun der Gemeng Miersch mat oprichtigem Merci den Aktiv Frae Miersch fir hir Leeschtung an der Gesellschaft an och fir di vill Spenden, di Mënschen zugut kommen, denen et nit esou gut geet, ass hien kuurz op Zukunftsprojeeën agaangen, déi wesentlich zum gudden Zesummeliewen an der Gemeng bäidroen waerten. Mam Zougank vun neien Comitémemberen gesäit d‘Führung vun den Aktiv Frae Miersch an Zukunft esou aus: Sylvie Hames – Nosbusch (Presidentin); Anita Sand- Schmitt (Vizepresidentin ); Silvia Kops- Cortina (Sekretärin); Josiane Wies- Feller (Trésorière); Ginette Prickaerts- Braas, Laurianne Kedad, Sabine Osio-Genten an Monique Obry (bäisitzend Memberen). Aumônier bleiwt den Félix Steichen), (CR) (Foto: Charles Reiser)