Spend fir de 70. Gebuertsdag

Den Här Arthur Mossong huet de 9. Dezember 2023 säi 70. Gebuertsdag mat engem flotte Fest am Krees vu senger Famill a senge Frënn gefeiert. Am Plaz vu Kaddoen, huet hien sech vu sengen Invitéen en Don un d’SOS Kannerduerf Lëtzebuerg gewënscht, fir domadden d’Kanner a Jugendlech z’ënnerstëtzen ob hirem Wee an en eegestännegt a glécklecht Liewen. D’Famill Mossong kennt d’SOS Kannerduerf besonnesch gutt, well si war och schonn ëfters zu Imst an der Vakanz, do wou vum Hermann Gmeiner daat eischt SOS Kannerduerf gegrënnt gouf.


Den 11. Januar 2024, hate mir den Här Mossong an seng Famill an d’SOS Kannerduerf invitéiert wou hien dem Valérie Oberlé, Generaldirektesch vun der Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf, e Check vun 1.250 € iwwerreecht huet. Mir soen dem Här Mossong e ganz grousse Merci fir seng solidaresch Initiative an seng generéis Spend zu Gonschte vun de Kanner a Jugendlechen déi vun onser Fondatioun betreit ginn.


Photo vu lénks no riets: Annette Mossong, Arthur Mossong, Valérie Oberlé (Generaldirektesch – Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf), Nicole Mossong-Botzem