De Norbert Freymann geneisst elo seng Pensioun

Mäerzeg: Vir u kurzem huet den Norbert FREYMANN vu Mäerzeg , gebuer den 09. Juli 1960, seng Aarbechtskollegen/innen a fréier Aarbechtskollegen an den Restaurant Lanners op Ettelbréck invitéiert fir mat hinnen den definitiven Abschied vum Beruffsliewen ze feieren. Opgewuess um Bauerenhaff zu Mamer, huet den Norbert 1977 mam Brevet d’Etudes Agricoles am deemolegen Institut d’Enseignement Agricole zu Ettelbréck oofgeschloss, wou hien, wi vill aaner Bauerejongen, och am Internat iwwert d’Woch logéiert huet. D’Pensionat St. Joseph gouf déi Zäit nach vum Arnold DENTZER geleet.

No dourno 1 Trimester Ecole de Commerce Scherer um Lampertsbierg ass den Norbert den 01. Januar 1978 an der deemoleger Fédération Agricole d’Achat et de Vente , Gasperich an d’Beruffsliewen erageklomm, wou hien haaptsächlech Saatgut, Dünger, Futtermëttel verkaaft huet.

Ab dem 01. Oktober 1981 huet den Norbert, nom bestaanenen Examen als Expéditionnaire technique am Service d’Economie Rurale an der Abteilung ökonomesch Buchführung ugefaang, fir schlussendlech no 45,5 Joren den 01. Mee 2024 säint aktivt Beruffsliewen ofzeschléissen . Hei huet hien fir sou munch Betrieb iwwert 40 Joer d’Buchführung erstallt an dat fir alt 2 Generatiounen. Och war hien ab 2008 um Pilotprojet Télétravail vum SER bedeelegt. Déi lescht Joren huet hien vun der Retraite progressive profitéiert. Amplaatz vun engem Kaddo, konnt den Norbert 800 € un d’Jongbaueren & Jongwënzer spenden. Zum Schluss vun dëser Abschiedsfeier hun d’Kolleginnen a Kollegen dem Norbert eng erhuelsam a laang Pensioun gewënscht. (Foto: Charles Reiser)